Antas


Antas D'Antas huet eng ganz speziell Geschicht.
Mir waren am August 2003 mam Auto op enger Sardinien-Rondrees op eege Fauscht ënnerwee.
Den 11. August hate mer un alles geduecht, awer net dodrun, datt mer op eemol zu 3 wieren.
40°C, Sonn, bloen Himmel, keng eng Wollék ze gesinn, de Makadam huet gedämpt, d'Klimaanlag am Auto huet et bal net gepackt...
Wäit a breet keng Mënscheséil, keng Stad, keen Duerf, keen Haus... nëmme Strooss a Bësch...
Op eemol leeft do ee Mupp op der Strooss! Mir hunn natierlech gebremst a si stoe bliwwen. De Mupp ass och direkt bei eis komm. Vu datt mer souwisou de ganzen Zäit ënnerwee waren, hate mer eise Proviante-Frigo am Auto!
De Mupp krut dunn emol Stécker Zoossiss, Kéis, a Waasser!!!
Et huet souguer d'Waasser vun der Strooss opgeleckt, wann eppes laanscht gaangen ass, an et ass d'Haut vun der Zoossiss siche gaangen, déi mer him u sech net wollte gin!

Antas De Mupp war definitiv hallef erhéngert an erdiischtert. Dat huet een him och mam bloussen Aa ofgesinn. D'Wirbelsail a sengem Réck huet ënnert der Haut erausgestanen wéi bei engem Dinosaurier. Et hat och Wonnen um Bauch an um Hals.
Ouni laang ze zécken, hu mer Plaz am Auto gemaach, an de Mupp ass matgefuer.
Et huet sech direkt wuel gefillt, well et huet mol e Stéckche geschlof.
De Mupp huet esou schwaach ausgesinn, datt mer Angscht haten, wt kéint d'Nuecht net iwwerliewen!
Am nächsten Duerf hu mer d'Antas du mol an engem Buer gewäsch.
Spéider hu mer en Déierebutték fonnt an alles kaaft, wat ee sou muss hu fir e Mupp.
Op der Landkaart hunn ech du mol gekuckt, wou mer da lo ongeféier wieren? Do wor net wäit ewech een Touriste-Site "Il Tempio di Antas". Sou hu mer de Mupp dann dunn och genannt: "Antas".

Antas Méi schwéier war et en Déierendokter op Sardinien ze fannen. Schliisslech ware mer mat der Fähr aus Italien eriwwergefuer an hu Pabeiere fir de Mupp gebraucht fir mat z'réck.
Deen 1. Dokter huet den Hond duerch d'Autosfënster gekuckt a gemengt, mir bréichte keng Pobeieren, den Hond géif gesond ausgesinn.
Deen 2. huet gemengt, dat wier e "Segugio italiano", dee kéinte mir net einfach sou mathuelen, dat wier e Rassen-Juegdhond vun der Insel. Dee géif bestëmmt engem gehéieren! Wéi mer hinnen kloer gemach hunn, datt mer géint dee Besëtzer géifen eng Plainte maachen, wa mer e géife fannen, hu si eis goe gelooss, ouni Pabeieren!
Gott sei Dank si mer op der 3. Plaz op eng léif, jonk Déierendoktesch gefall, déi d'Situatioun verstanen an och den Zoustand vum Mupp erkannt huet. D'Déierendoktesch hat hatt op 10-11 Méint geschätzt. Si huet eis ouni Probleemer de Pass ausgestallt, déi néideg Impfunge gemaach an en Zertifikat ausgestallt, datt de Mupp gesond wier.
Domat konnte mir een Ticket fir op d'Fähr kafen...
Leider hu mer och misse feststellen, datt d'Muppen op där Insel guer net gutt ugesi sinn!
Fir en Hotel mat Mupp ze fanne war scho bal wéi e 6-er am Lotto!!!
Och op der Plage wollten se eis protokolléieren, wann mir net direkt géife verschwannen! Dobäi war de Mupp un der Léngt a mir wore just spadséieren!!!

Antas Naja... dunn hu mer d'Antas mol mussen un d'Zivilisatioun gewinnen.
Schnell hu mer festgestallt, datt de Mupp nach net vill bis näischt kannt huet!
Owes am Restaurant wollt hatt d'Maueren eropklammen. Et hat nach ni e Plafong iwwert dem Kapp. Am Hotel hu mer missen d'Rolllueden erofloossen, well soss wier et duerch d'oppe Fënster aus dem 3. Stack gesprongen. An der Léngt ass et ëmmer am Krees gaangen. Kanner an aner Hënn, alles wat Kaméidi gemaach huet oder sech séier beweegt huet, huet et onheemlech gestresst an et huet um ganze Kierper geziddert.
Et war vill Aarbecht, vill Zäitopwand, vill Nerven, .... mee d'Antas ass haut e Super-Hond!
Hatt huet vun Ufank un am Bett geschlof an huet séier Vertraue gefaasst an direkt eng Bindung zu senge Mënschen opgebaut.
Lues a lues ass et och op friem Mënschen duergaangen an haut ass och dat fir hatt kee Probleem méi.
Iwwerall hu mir et matgeholl an iwwerall war an ass et brav, am Restaurant sëtzt hatt sech ënnert den Dësch, et bemierkt een net, datt hatt do ass.

Antas Am Auto sëtzt hatt am léifste vir, um Bäifuerer sengem Schouss, oder um Bäifuerersëtz eleng a kuckt ganz interesséiert zur Fënster eraus.
Wou mir bis decidéiert haten a Südfrankräich wunnen ze goen, war dem Antas säin Dram perfekt.
Endlech Plaz fir fräi ze lafen... well lafen ass säi Liewen!
De Jerry hu mir jo dunn och nach matgeholl, an dee grousse, schwéiere 60-Kilo-Mupp hat beim Antas kee Stëmmrecht.
Hatt war mental sou staark ginn, dass hatt 0 Respekt virun him hat. An och net virun anerer...
Am Juli 2005, wou mer den Neo op der Strooss fonnt hunn, mat knapp 4-5 Wochen, huet d'Antas hie souzesoe groussgezunn.
Haut kritt heen ëmmer nach moies am Bett vum Antas d'Gesiicht gewäsch.

Antas Haut ass et e wonnerbare Mupp, mat 1.000 Gesiichter a Grimassen, dat onmoosseg vill Liewensfreed ausdréckt, fir säi Liewen gär leeft a spillt, ob et sengem Schied noleeft oder deem vun de Päiperléken, a sech fir ofzekillen an d'Baach leet...
Dat eenzegt wat him haut nach Angscht mécht, ass wa Juegd ass, an et héiert d'Jeeër schéissen oder e Freedefeier!
Et gesäit een him seng Vergaangenheet net méi of, seng Traumae si verschwonnen, iwerwonnen...
Haut (Mëtt 2009) huet d'Antas also bal 7 Joer an et ass kee Segugio Italiano, mee éischter e Magyar Viszla. Obwuel hatt net sou kräfteg an sou grouss ass wéi den Original, ass d'Fellfuerf, d'Aen an d'Trüffel 100% Viszla.
Säin Temperament huet sech e bësse gezügelt mat der Zäit, a säi Réck mécht och net méi ganz sou mat wéi a jonke Joeren. Dat huet wuel domat ze dinn, datt et am Wuesstum immens Ernährungsmängel hat.




info@pet-psy-cafe.eu