Bobby


Bobby Nodeems eist Lucy den 2. Februar vun eis gaange war, hat et e risegt grousst Lach an eisen Häerzer an an eisem Liewen hannerlooss.
Séier war kloer, datt mir net ouni Mupp bleiwe géifen, an esou hunn ech beim Déiereschutzveräin, wou d'Lucy schon hirkoum, S.A.T. Animal Rescue, der Sociedad Protectora para Animales de Torrevieja um Internetsite gekuckt, a mech direkt an de Bobby verléift.


Bobby De Männche sollt ongeféier am Mäerz 2008 gebuer sinn, héichstwahrscheinlech e Mix mat e bësse Boston Terrier dran, an hie war fir d'2. am Asyl gelant.
Hie gouf direkt iwwer den däitschen Déierschutzveräin Tiere in Not Saar vu Völklingen reservéiert an den Datum vum nächste Muppen-Express war fir den 19./20. Mäerz 2010 geplangt. Et war schwéier d'Zäit ëmzekréien, mee den Dag koum an ech hu keen A zougedoen, hunn all puer Stonne per E-Mail den Update krut, wéi wäit se nach ewech wieren.
Matten an der Nuecht si mer op Völklingen gefuer, um hallwer 5 moies war de Muppen-Express dann endlech op der Raststätt "An der Goldenen Bremm".
Am Konvoi mat de Fleegefamillje vum Veräi si mer dohinner gefuer a kuerz drop hat ech mäi Bobby um Aarm.

Bobby Séier huet sech erausgestallt, datt de Bobby masseg schlecht Erfarunge gemaach muss hunn, mat Mënsche souwuel wéi mat aner Muppen!
Hie war, an ass nach ëmmer, angscht-aggressiv op friem Menschen, méi op Männer wéi op Fraen, an op Muppen, woubäi alles wat méi grouss ass ewéi hien, am Schlëmmsten ugegraff gëtt.
Mat ganz vill Léift a Gedold hu mer an deenen leschte 7 Méint scho vill erreecht, et ass scho laang net néi sou schlëmm wéi et war, an et si jo wéi gesot eréischt 7 Méint, dat geet nach weider biergop.
Bobby Soss ass de Bobby e ganz verspillten a schrecklech verschmuste Mupp mat 1.000 Mimiken, deen awer vun der 1. Sekonn u vollt Vertrauen a seng Menschen hat. An esou kënne mer viruschaffen a Vertrauen an d'Welt schafen, dat a Spuenien bannent 2 Joer bal gänzlech zerstéiert gouf.
Mëttlerweil ass de Bobby 6 Joer bei eis, an hien ass en herrleche Kärelche ginn, mat Leit huet hie bal keng Probleemer méi, mat Muppen, naja, dat wäert wuel bleiwen, mee domat kënne mer liewen, hien huet jo zënter Oktober 2010 eng Schwësterchen an dat klappt super.












info@pet-psy-cafe.eu