Jerry


Jerry De Jerry hate mir aus dem Escher Déierenasyl adoptéiert.
Hie war e Rottweiler-Beauceron-Mix an hat stolz 60 Kilo!
Mir woussten, datt mir am November 2004 a Südfrankräich auswandere géifen, an hunn eis geduecht, datt mir e grousse Mupp mathuele géifen, deen zu Lëtzebuerg an engem Asyl déi kléngste Chancen huet adoptéiert ze ginn!
Am Ufank hu mir misse kämpfen, well si wollten eis de Mupp net ginn, well mir sou éierlech woren a soten, mir géifen hie mat a Frankräich huelen. Nogefrot huet trotzdem ni een no him.
Si soten eis, de Jerry hätt 1 ½ Joer a wier zënter 9 Méint am Asyl.
Anscheinend war hie schonn als Welpen am Asyl, e wor dunn och vermëttelt ginn, mee ass du spéiderhin de Leit ze grouss gi gewiescht. Doropshin ass hien erëm am Escher Asyl gelant.

Jerry No e puer Deeg bei eis huet hien vir op der rietser Patt gehippt. Souwisou war hie kee grousse Spadséiergänger. No enger hallwer Stonn huet een hie misse bei den Auto zréck zéien.
Mir hunn d’Leit aus dem Escher Déierenasyl gefrot, wat dat mat der Patt op sech hätt, a si hu gemengt, en hätt sech bei eis misse wéigedoen hunn, bei hinnen hätt hien ni gehippt, an hie wier och all Dag 1 Stonn an de Bësch spadséiere gaangen!
Beim Déierendokter hu mer de Jerry dann du rëntge gelooss.
Et huet een op der Rëntge gutt gesinn, datt den Ielebou vun der rietser Patt gebrach war, net behandelt ginn ass an dofir schlecht geheelt war.
A Südfrankräich, wou et du manner fiicht war, hat hien och manner wéi.

Jerry Hie war dankbar bei eis ze sinn a mam Antas huet hie sech och gutt verstanen. Spéider koum eist Loona derbäi, a si zwee waren onzertrennlech, Black & White.
Dat eenzegt, wou de Jerry net sou frou war, war deen Dag, wou mir den Neo fonnt haten. E klengen, nervösen, spillereche Welpe vun knapps 5 Wochen, war dem Jerry dann awer zevill därs Gudden. Heen hat den Neo och leider e puer Mol anstänneg gebass.

Jerry Leider ass hie mat der Zäit ëmmer méi granzeg ginn, mir huelen un, datt heen en Tumor am Kapp hat an dofir oft Kapp wéi hat.
Heen huet sech gezunn, wann een hie wollt um Kapp heemelen.
Ech sinn haut nach der Meenung, datt hie vill méi al ewéi 1 ½ Joer war, wéi mir hie kruten. Mir hate schliisslech keen originale Pass kritt, mee een, deen eréischt am Asyl opgemaach gi war.
Ausserdem denken ech, datt hien a senger fréierer Famill mësshandelt gouf. Hien huet alles gefaart, wat no engem wäissen Haushaltsapparat ausgesinn huet.
Iergendwann, nodeems hien e puer Mol zougebass hat... hu mer hie schwéieren Häerzens missen erléisen.
Op d’mannst hat hien nach eng schéin Zäit a Fräiheet bei eis um Grondstéck. De Jerry ass de 6. Dezember 2006 iwwer d’Reeboubréck gaangen.




info@pet-psy-cafe.eu