Loona


Loona D'Loona huet a Wierklechkeet Vahiné geheescht. Dat war den Numm, deen hatt vun der Ziichterin kritt hat.
D’Loona war ee Montage-des-Pyrenées Weibchen, dat mer de 14. Januar 2005 mat 11 Méint kruten, well den Ziichter et net verkaaft krut, an et soumatt „ze vill“ war.
Leider wousste mir net, datt dee wonnerschéine Mupp iwwerhaapt net sozialiséiert war, d.h. hatt huet d’Mënsche gefaart, aner Hënn, déi net vu senger Rass waren, hat hatt nach keng gesinn, et huet keen Auto, keng Fräiheet, keng Léngt, näischt kannt.
Deen “franséischen, agrééierten Ziichter“ war u sech eng Dreckskaul.
D’Loona war vun uewe bis ënne verfilzt, ënnerernährt, eng Angschtknupp!

Loona Déi éischt Deeg hu mir et misse vun enger Plaz op déi aner droen, et ass kee Schrëtt gaangen.
Gott sei Dank huet et sech mat deenen anere Muppen ugefrënnt, dat huet him gehollef Vertrauen ze faassen. Et huet dunn och mol gutt giess an e puer Kilo zougeholl.
Wéi et bis verstanen hat, datt et net fortzelafe brauch, huet et sech un de Jerry gehalen, a si hunn en Top-Päerchen ofginn.
Fir et owes an d’Haus eran ze kréien, fir ze schlofen, war eng Katastrof.
Heiansdo hu mer iwwer 1 Stonn misse waarden a keen Toun vun eis ginn, bis hatt erakomm ass, an da séier bei d’Dier lafen an zoumaachen.
Dee Mupp war esou mësstrauesch, och rassebedéngt, dat krute mer beim beschte Wëllen och ni méi ewech.
Mir woren zum Schluss scho méi wéi frou, wa mer et konnte mat ausgestrecktem Aarm heemelen. Méi no huet et keen u sech erugelooss. Leider koum och keen Déierendokter un et erun. Dovun ofgesinn, datt eis franséisch Déierendoktesch Angscht virun him hat!
D‘Loona war dunn irgendwann weder geimpft nach géint Zecke geschützt.
Et huet gutt sechs Méint gedauert bis hatt mat Spillen ugefaang huet.
Vun deem Moment un huet et alles geklaut, wat an der Sonn geblénkt huet, sou hu mer am Héichsummer oft no eise Waasserfläsche gesicht.

Loona Wou den Neo bäikomm ass, huet hatt sech immens léif mat him beschäftegt, an hien duerft alles mat him maachen.
Hien huet dann och alt als Hoerbiischt duergehalen, well mir konnten et net jo net kämmen!
Och mam Bijou, dem Kuederchen, war hatt léif, hien duerft sech laanscht seng Patte schmieren.
Aggressiv war hatt ni eis géigeniwwer. Hatt ass léiwer geflücht, wéi datt et d'Lëps nëmmen 1 Millimeter gehuewen hätt. Dat eenzegt war, wann een et erschreckt huet, huet et am Fortlafe gebillt.

Loona Fir déi Leit, déi sech net auskennen, ee Montagne des Pyrénées ass een Herdeschutzhond a kee wierkleche Familljenhond.
Dës Muppe gi geziicht fir ze schaffen, an zwar selbststänneg dobaussen, eleng op der Weed bei senger Häerd Schof.
Si ginn net un de Mensch gewinnt ausser un den Hiert, all aussestännege Mensch ass een natierleche Feind, well se sollen d'Schof jo net nëmme géint Wëllef schützen, mee och géint Déif.
Herdeschutzhenn ginn dofir nach als Welpe mat hirer Muppemamm bei d'Schof op d'Weed gelooss, si sollen d'Schof als hir Famil ugesi fir si optimal schützen ze kënnen.
Leider konnt d’Loona nodeems de Jerry eis verlooss hat, net ouni hie liewen.
Hatt huet d’Roll vum Leitdéier iwwerholl an eis Ponyen hunn als seng Häerd gedéngt, d'Antas an den Neo hu missen ewechbleiwen a si hunn och just nach dierfen dohinner goen, wann d'Loona et erlaabt huet.
Do hate mir ee Probleem, well mir d‘Loona ze spéit adoptéiert haten an duerch seng Fehlprägung a seng Genen als Herdeschutzhond net méi sozialiséiert kruten!
No villem Nofroen a Meenunge sichen vun Déierendokteren, wousste mir vun alle Säiten, datt d'Loona eng Gefor duerstelle géif. Een net op de Mënsch sozialiséierten Hond vun där Gréisst ka schnell ausser Kontroll geroden.
Soumatt huet eist gutt Loona missen iwwer d’Reebou-Bréck goen, an zwar am Januar 2007.
Et ass op kee Fall vergiess, ech sinn dankbar fir all Muppeséil, déi ech hunn dierfe kenneléieren an et hat op alle Fall e bessert Liewe bei eis wéi vun do wou et koum.




info@pet-psy-cafe.eu