Lucy


Lucy Eist Lucy ass ee spuenesche Mupp, deen aus enger Tötungsstatioun kënnt, an dohanne vum Déiereschutzveräin S.A.T. Animal Rescue, der Sociedad Protectora para Animales de Torrevieja bei Alicante am November 2007 opgeholl gouf an du mat nach e puer aner Gefäerten un den däitschen Déiereschutzveräin Tiere in Not Saar vu Völklingen Enn Februar 2008 weidervermëttelt gouf.
Lucy An eiser neier Wunneng war et eidel ouni Déier, wou ech dach gewinnt war, datt ëmmer Tumult ronderëm war.
Beim Durchbliedere vun Zeitungen, ufanks ouni Hannergedanken, sinn ech enges Daags op eng Annonce gefall, déi mech net lassgelooss huet.
De Lucky, een op 11 Joer geschätzte Yorkshire-Terrier, ausgesat, hallef erhéngert, verängschtegt a blann, een A war souguer ausgelaf. Hien hat sech op der Fleegestell gutt erholl a wollt nach liewen, hien huet eng nei Famill gesicht.
Ech duecht mir, vu datt mer schonn net an eisem Eegentum wunnen an et och net all ze grouss ass, engem aarmen Déierche kéint een dach nach ee schéint Liewensenn erméiglechen.
Deen aneren Daag hun ech direkt op der Fleegestell ugeruff, bei Tiere in Not Saar.

Lucy Direkt mëttes si mer dorobber op Völklingen gefuer fir eis dat Déierchen unzekucken.
Wou mer bei der Fleegestell ukomm sinn, stoung uewen an der Trap sou e léiwe klenge Mupp eis ze begréissen. Si war scho ganz erstaunt, well si sot, et géing normalerweis net op friem Leit duer.
De Lucky hate mer herno och um Schouss, awer mat deem aarme Mippche war definitiv net méi vill unzefänken. Hie krut vun der Welt ronderëm sech net méi vill mat.
Awer deen anere Mupp hat mer et ugedinn!
Wéi si dunn och nach sou niewelaanscht bemierkt huet, dee géif och nach en „Herrchen“ sichen, an et hätt awer och scho geschätzten 10 Joer, war d’Entscheedung hallef gefall.
Hei d’Annonce wéi d‘Looky, wéi et deemols nach geheescht huet, bei hinnen op der Websäit virgestallt gouf: Looky.

Lucy Si huet eis drop opmierksam gemaach, datt d‘Looky positiv op Leishmanios an Ehrlichios getest gi wier, an datt dat Käschte géinge mat sech brénge fir Medikamenter a Bluttanalysen.
Dat huet eis net ofgeschreckt.
Lucy Mëttlerweil war d’Fra och nach um Telefon an eng aner Fra huet zougesot, dann de Lucky z'adoptéieren, wa mir d'Looky géifen huelen.
Do war eist „schlecht“ Gewësse ganz verflunn a mir hunn eis fir d‘Looky entscheet, dat och ëmmer erëm bei eis komm ass fir geheemelt ze ginn. Eigentlech hat d‘Looky entscheet!
Happy an awer ongedëlleg si mer heemgefuer, well mir hu missen waarde bis deen Daag drop!

Lucy D'Ulli an den Horst hunn eis de Mupp samschdes mëttes, de 15. Mäerz 2008 heembruecht, well si sech verséchere wollten, datt dat wat mer uginn haten och wouer war.
Mir hate gutt akaaft an de Mupp huet sech direkt op säi Kësse gesat an ass ganz demonstrativ net méi opgestanen. Mat enger Tréin am A as d’Ulli mat sengem Mann fortgefuer, d’Looky huet net Äddi gesot. Hatt war doheem.
Deen Dag duerno hat d’Joffer dann dunn och säin neien Numm: Lucy.
Lucy E puer Deeg duerno sinn ech direkt mat him bei eisen Déierendokter gefuer, fir ze kontrolléieren ob alles an der Rei wier. Et hat déi falsch Medikamenter fir d’Ehrlichios, déi déi se eis matginn haten, ware géint d’Leishmaniose.
Wéinstens war dunn an där 1. Bluttanalyse d’Leishmaniose negativ.
D’Ehrlichios-Wäerter sinn awer iergendwéi trotz den Antibiotika net zréckgaangen.

Lucy Den Déierendokter huet virgeschloen ofzewaarden, vläicht bréicht hatt méi laang fir Antiviren ze bilden. Soulaang hatt an Topform wier, bréichte mer eis keng Gedanken ze machen.
Zur Ofsécherung, well et um hënneschte Laf sou geziddert huet beim Trapegoen, hu mer eng Rëntge maache gelooss.
Wahrscheinlech ass et a Spuenien eng Kéier ugestouss gi gewiescht an d’Becke war gebrach. Dat ass schlecht erëm zesummegewuess.
An et huet eng Gewierkugel an der lénkser Schëller.

Lucy D‘Lucy ass mat eis a Südfrankräich erofgefuer, den Neo an d’Antas besichen a kenneléieren a mëttlerweil si si ganz grouss Frënn!
Doënnen hu mer hatt vir d’éischte Kéier héiere billen an et ass mat deenen aneren bille gelaf.
Och spille geléiert huet hatt mat denen zwee geckege Muppen. Säitdem huet hatt eng ganz Sammlung u Quietsch-Hénger!

Lucy Ufank November huet d’Lucy säin 11. Gebuertsdag gefeiert, an dat bei engem Hausmaacher-Muppe-Gebuertsdagskuch!
Alles war tipptopp, bis mer am November an d’Kontroll gaange sinn an hatt huet misse geimpft ginn. Beim Oftaaschten huet den Déierendokter festgestallt, datt hatt Tumoren un den Zitzen hat.
Dat war als éischt emol ee Schock, well déi riets Säit ware scho bei 5mm also dringend fir erauszeoperéieren!

Lucy Enn November 2008 hu mer dat also mache gelooss. Et war eng Qual fir dat aarmt Lucy. Mee et huet alles gutt iwwerstanen.
Duerno hu mer alles verheele gelooss a Chrëschtdag huet hatt erëm an der Pampa mat de Muppe gespillt.
Mir hu festgestallt datt duerno d’Hoer op deene raséierte Plazen net gutt oder bal net nogewuess sinn, datt et vill méi gedronk huet an net laang anhale konnt, asw...
De Veterinaire huet komplett Analysë gemaach an do wor de Schock nach vill méi grouss!
D‘Lucy hat 10 x zevill Fett am Blutt, Zocker, Cholesterol, d’Nieren- an d’Liewerwäerter waren 20 x ze héich, d’Schilddrüs huet guer net geschafft...!

Lucy De Carlo sot, en normale Mupp mat esou Wäerter hätt en Tumor, mee well hatt awer sou gutt a Form wor a gespillt huet, an net apathesch war, géif heen op de Cushing-Syndrom tippen.
Alt erëm hu mer d’Lucy teste gelooss. An et wor tatsächlech positiv op de Cushing.
Mee vum Cushing elo mol ofgesinn, gouf hatt direkt op Diät gesat. Et dierf just nach speziellt Fudder fir seng Nieren kréien, an e ganze Koup Medikamenter fir d’Schilddrüs, d'Nieren an de Cushing.
3 Méint duerno ass hatt a Mega-Top-Form gewiescht!

Lucy Hatt huet a 6 Wochen ëm déi 1,5 Kilo ofgeholl (et wor opgelaf vun der iwerméisseger Cortisol - Produktioun, déi d’Liewer net verschafft krut), et leeft wéi nach ni virdrun, an et spillt och nach méi ewéi virdrun!


Lucy Den 2. Februar 2010 huet eist gutt Lucy eis fir emmer verlooss a goung ouni eis iwwert d'Reeboubréck, wou et elo fräi an ouni Péng lafe kann.
Mir vergiessen hatt ni a sinn dankbar fir déi knapps 2 Joer, wou mir hatt hunn dierfe bei eis hunn.
An deem Sënn: Run free, little angel Lucy!












info@pet-psy-cafe.eu