Neo


Neo Mäi gudden, klengen Neo hu mir de 6. Juli 2005 owes op der Strooss fonnt, tëschent Roquetaillade a Couiza.
Hien hat maximal 5 Wochen a war voller Lais, Fléi a Wierm... d’Déiercher sinn him duerch d’Gesiicht gekrabbelt, e wousst net wou e sech als éischt sollt krazen.
Doheem ukomm, as hie mol geduscht ginn an mat Anti-Flou-Spray asw... behandelt ginn. Natierlech war dat eng Qual fir dat klengt Déierchen, mee et huet awer misse sinn.
Duerno huet hien a sengem neie Kierfche bis moies riicht duerch geschlof.
Séier ass hie gewuess, a gewuess, a gewuess....
Mëttlerweil huet hien 62 Kilo an et ass e stattleche Kärelchen aus ëm ginn!

Neo Et ass dee léifste Mupp, deen ee sech an där Gréisst virstelle kann, e Risebaby!
Ausser datt hien net ganz gären eleng bleift, weist hie guer keng Verhalensopfällegkeeten!
Seng Eenzegaartegkeete sinn, datt hie wierklech ALLES ësst! Hien ësst genausou gutt Fleesch, wéi Nuddelen, Gromperen, Fësch, Zalot, Äppel, Kabes, Spinat (réi), Kéis, Mais... asw... also et gëtt wierklech näischt, wat hien net ësst.

Neo Da schléift hien immens gären am Bett.
Mam Auto fiert hien och immens gär, a wann hie grad net de Kapp aus der Fënster streckt, da sëtzt hien hannen um Sëtz a kuckt zur Fënster eraus. Oder en deelt sech ee Sëtz mam Antas an ee läit op deem aneren!

Neo Spille mécht hien och fir säi Liewe gär, just datts seng Schanken dat net gutt aushalen. Dofir hat hieen am rietse Knéi och schonn d’Kräizbänner gerass.
Leider hu se dat a Frankräich net erausfonnt. De Mupp ass gehippt an en hat wéi. Déi éischt Déierendoktesch hat gemengt, en hätt eng Bloder ënnert dem Fouss.
Déi aner hu Rëntge gemaach (ënner anerem vum falsche Knéi), op deenen se näischt erkannt hunn, a Kortison verschriwwen, an dat net ze knapp.
Eise Lëtzebuerger Déierendokter huet iwwer Mail an Telefon festgestallt, datt d’Kräizbänner gerass wieren an du si mer och op säin Uroden hin op Léck gefuer (3.000km an 3 Deeg), fir den Neo mat de Kräizbänner operéieren ze loossen (TPLO).

Neo D’Vertrauen an d’Déierendokteren an der Aude war domatt hinüber an dobäi war dat en Vétérinaire-Orthopède vu Carcassonne.
Mat de Kaze versteet hie sech ganz gutt.
Hien ass mam Bijou grouss ginn, dee mer knapps 1 Mount nom Neo fonnt haten.
Den Neo huet net verstanen, firwat datt hie souvill méi séier wiisst wéi de Kuederchen.
Si hunn ëmmer matenee gespillt, an hien huet de Bijou gewäsch. Haut mécht hien datselwecht mam Ali a mam Baba, wann hie se kritt.

Neo Elo as hien de Chef vum Haff, mam Antas.
D’Antas war vun Ufank u wéi eng Mamm vir hien. Hatt huet sech den Neo esou erzunn, wéi et hie wollt hunn.
Haut huet hie géint hatt ëmmer nach näischt ze soen. Heiansdo kënnt hie bei seng Mënsche fir datt se hie virum Antas schützen an hatt him mol eng Paus gënnt.

Neo No bal 4 Joer ass scho vill doriwwer gerätselt ginn, wéi eng Rass(en) dann elo an deem Mupp stieche sollen. D’Leit ronderëm an d’Veterinairen hu sech och vill Gedanke gemaach an et ass virun allem vill a gäre gerode ginn. Menger Meenung ass et ee Mix aus Däitsch Dogg a Cane Corso.

Neo











info@pet-psy-cafe.eu