Virträg



Schoul Dir kënnt Iech gäre bei mir mellen, wann Dir u Virträg vu mir iwwer Déiereschutz oder Déiereverhalen interesséiert sidd.

Schoulvirträg:

Zënter 2011 kann all Léierpersonal de Virtrag iwwert de richtegen Ëmgank mam Mupp buchen. Des Virträg sinn e groussen Erfolleg an de Schoulen a bei de Schüler.

Dës Virträg hunn zum Zil, Bäissvirfäll vermeiden ze kënnen andeems d'Kanner d'Muppe-(Kierper-)sprooch richteg deite léieren.
Natierlech sinn des Virträg dem Alter no ugepasst.

Informatiounen mat allen Detailer kënnen Iech op Ufro zougemailt ginn.

Aner Theme sinn an Aarbecht a kommen no…

Doggone safe













Seminar

Seminaren & Virträg:

- Freideg, 26. Abrell 2013 - Owesvirtrag "Auslandshunde" mam Sophie Strodtbeck

Vun 19.00 bis 21.30 Auer

Umeldegebühr 30,00€

Fir weider Detailer:
Owesvirtrag

Umeldung a weider Infos per e-mail un info@pet-psy-cafe.eu


- Samschdeg, 27. Abrell 2013 - Seminar "Aggression" mam Sophie Strodtbeck

Vun 9.00 bis 16.00 Auer

Umeldegebühr 90,00€

Fir weider Detailer:
Seminar

Umeldung a weider Infos per e-mail un info@pet-psy-cafe.eu





"Die Grösse und der moralische Fortschritt einer Nation kann man daran messen, wie sie ihre Tiere behandelt."
Mahatma Gandhi






info@pet-psy-cafe.eu